Harmonympësch Spiller

Harmonympësch Spiller - drëtt Ronn 15.07.2018

Sonndes, de 15. Juli 2018 huet d’Zolwer Musek déi grouss Éier, Iech op déi drëtt Editioun vun den « Harmonympësche Spiller » bei der Schoul 2000 zu Zolwer ze invitéieren.

 

 

Heibäi handelt et sech ëm e besonneschen Dag, bei dem 6 Jugendmuseken, notamment d’Jugendmuseke vu Bieles, Bouneweg, Ierpeldeng, Lëntgen, Schieren, Diddeleng an 1 Jugend Chouer vun Zolwer, bei spannende Spiller vun all Zort géinteneen untriede wäerten, mee dotëscht och nach Concert musse spillen.

 

 

Vun deene jonke Musikante gëtt net nëmme Kierperleches ofverlaangt, mee och den Denksport soll net ze kuerz kommen.

 

D’Jugendkommissioun vun der Zolwer Musek huet sech hei déi aussergewéinlechst Saachen afale gelooss, sou datt d’Publikum definitiv op seng Käschte wäert kommen.

 

 

Fir Iessen a Gedrénks ass och selbstverständlech beschtens gesuergt. Kommt also laanscht de 15. Juli ab 11.00 Auer a verbréngt ee Mëtteg voller Spill, Spaass, Spannung a Musek, dee géint 18.30 Auer mat der Präisverdeelung ofschléisse wäert.

 

Concerten

 

11.00 Auer

Zolwer Spatzen

 

12.00 Auer

Schierener Jugendmusek

 

13.10 Auer

Young Band Bieles

 

14.20 Auer

Jugendmusek Concordia Ierpeldeng

 

15.30 Auer

Young Harmonists Diddeleng

 

16.40 Auer

Jugendensembel Lëntgener Musek

 

17.50 Auer

Fanfare Prince Henri Bonnevoie

 

 

Eis desjäreg Gladiatoren


!!GEWËNNSPILL!!

Wann Dir des lecker Corbeille vun Eis Epicerie Zolwer wëllt gewannen, dann maacht elo schnell mat :)

Wat muss Dir dofir maachen:

 

✔️Markéiert mindestens 3 Leit, mat deenen Dir des Corbeilles géift deelen
✔️Liked an deelt dësen Post ëffentlech
✔️Liked d'Säit vun "Youth in Concert goes Harmonympësch Spiller"

 

Zäit hutt Dir bis den 15. Juli 2018 fir mat ze maachen . De Gewënner gëtt dono kontaktéiert :)

Bonne Chance

Harmonympësch Spiller - zweet Ronn 2017

Foto Challenge 2017

Facebook Challenge 2016


News