Drëtt Editioun vun den Harmonympësche Spiller
15. Juli 2018 an der Schoul 2000 zu Zolwer
Sonndes, de 15. Juli 2018 huet d’Zolwer Musek déi grouss Éier, Iech op déi drëtt Editioun vun den « Harmonympësche Spiller » bei der Schoul 2000 zu Zolwer ze invitéieren.
Heibäi handelt et sech ëm e besonneschen Dag, bei dem 6 Jugendmuseken, notamment d’Jugendmuseke vu Bieles, Bouneweg, Ierpeldeng, Lëntgen, Schieren, Diddeleng an 1 Jugend Chouer vun Zolwer, bei spannende Spiller vun all Zort géinteneen untriede wäerten, mee dotëscht och nach Concert musse spillen.
Vun deene jonke Musikante gëtt net nëmme Kierperleches ofverlaangt, mee och den Denksport soll net ze kuerz kommen.
D’Jugendkommissioun vun der Zolwer Musek huet sech hei déi aussergewéinlechst Saachen afale gelooss, sou datt d’Publikum definitiv op seng Käschte wäert kommen.
Fir Iessen a Gedrénks ass och selbstverständlech beschtens gesuergt. Kommt also laanscht de 15. Juli ab 11.00 Auer a verbréngt ee Mëtteg voller Spill, Spaass, Spannung a Musek, dee géint 18.30 Auer mat der Präisverdeelung ofschléisse wäert
Zolwer Moart
16. Juli 2018 an der Schoul 2000 zu Zolwer
Méindes, de 16. Juli 2018 ass et dann nees sou wäit, déi 56. Editioun vum Zolwer Moart, organiséiert vun der Zolwer Musek, steet um Programm !
Ronderëm d’Schoul 2000 begréissen Iech vun 10:00 bis 19:00 Auer iwwer 100 Stänn, musikalesch Animatioune mat Jazz Lives, Saxobeat & Tubaman an der Nobbie Dixie Band.
Spill a Spaass fir Grouss a Kleng, eppes fir den Duuscht an ee gudde Maufel z’iessen, fir alles ass gesuergt!
Um 19:00 Auer si mäer dann am Jumm mat der traditioneller After-Moart-Party mat den Zolwer Knappbléiser!
Ween dat alles verpasst, ass selwer Schold! :-)
Emzuch Maacher Wäifest
Sonndes, 9. September 2018 um 15.00 Auer zu Maacher
Concert Bauerenhierschtmoart
Sonndes, 30. September 2018 zu Uewerkuer
Concert PINK
Freides, 26. Oktober um 20.00 Auer am Artikuss um Scheierhaff
(3, rue Jean Anen, Soleuvre)
Cäecilieconcert
Samschdes, den 1. Dezember am Artikuss
Chrëschtconcert
Sonndes, den 16. Dezember 2018 um 17.30 Auer zu Zolwer an der Kierch