Klapp den Engel 17.11.2018

Och dëst Joer war KLAPP DEN ENGEL nees e vollen Erfolleg! E grouss MERCI un all déi Leit déi bei dëser Editioun 2018 dobäi waren!

 

Alleguerten Fotoen fann Dir op folgedem Site: http://www.rtl.lu/lifestyle/people/1269168.html

Maacht Iech prett fir déi 3. Editioun vu KLAPP DEN ENGEL, d'Spillshow vum Joer den 17. November 2018 um 19h30 am Artikuss zu Zolwer!

 

An dëser Show, déi ënnert dem Patronage vun der Zolwer Musek steet, gëtt de Georges Engel, vun engem/enger Kandidat/in erausgefuerdert.

Aus enger Preselektioun vu 4 Leit gëtt de Géigner vum Buergermeeschter vun de Spectateuren eraus gewielt. A verschidde Spiller stellt de Kontrahent seng sportlech Ausdauer, seng Geschécklechkeet souwéi och seng gro Zellen ënner Beweis.

 

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

 

Dëst Joer waarde 6000€ op deen, deen et fäerdeg bréngt, géint de Georges Engel ze gewannen. 

 

Am anere Fall bleiwen déi Sue fir eng nächsten Editioun, wou et dann ëm 6.000€ geet.

 

Ticket’en fir dësen Event kaschten 20€ respektiv a sinn ze kréien ënnert folgendem Link:

https://res.seatlion.com/8967

oder op Facebook ënnert “Klapp den Engel”

 

#klappdenengel

 


News