16. Juli 2018
Méindes, de 16. Juli 2018 ass et nees sou wäit, déi 56. Editioun vum Zolwer Moart, organiséiert vun der Zolwer Musek, steet um Programm !
Ronderëm d’Schoul 2000 begréissen Iech vun 10:00 bis 19:00 Auer iwwer 100 Stänn, musikalesch Animatioune mat Jazz Lives, Saxobeat & Tubaman an der Nobbie Dixie Band.
Spill a Spaass fir Grouss a Kleng, eppes fir den Duuscht an ee gudde Maufel z’iessen, fir alles ass gesuergt!
Um 19:00 Auer si mäer dann am Jumm mat der traditioneller After-Moart-Party mat den Zolwer Knappbléiser!
Ween dat alles verpasst, ass selwer Schold! :-)