Sonnden, 15. Juni 2025
16:00
Artikuss, Zolwer
Fräien Entrée ouni Reservatioun
Den 10. November 1974 ass d’ Zolwer Jugendmusek vun e puer passionéierte Musikante gegrënnt gi fir de Nowuess an der Musek ze fërderen an deene Jonke Freed un der Musek ze vermëttelen. En halleft Joerhonnert voller Musek, Gemeinschaft an onvergiessleche Momenter – dat wëlle mir de 15. Juni 2025 mat engem ganz spezielle Jubiläumsconcert um 16 Auer am Artikuss zu Zolwer zesumme mat iech feieren.
Net manner ewéi 50 MusikantInnen huelen iech mat op eng Rees an d'Vergaangenheet, mat där eng oder anerer Iwwerraschung a mat méi oder manner ale Gesiichter. Ënnerstëtzt gi mir vun der Eilerenger Harmoniechen, den Zolwer Spatzen an de Schoulkanner aus der Schoul Scheierhaff.
Du kanns eise Concert leider net matspillen? Guer kee Problem! Mir freeën eis doriwwer dech erëmzegesinn, och wann et just fir kuerz ass. Dofir komm gäre bis laanscht! Nom Concert ass och nach ee conviviale Moment virgesinn.
Mir freeën eis, iech op eisem Concert ze begréissen! Egal op fréier (Jugend-)Musikant*innen, Frënn vun der Zolwer Musek oder einfach Musékbegeeschtert: dir sidd all häerzlechst wëllkomm! Den Entrée ass fräi!
Sneak Preview
Den 28. März an de 25. Abrëll 2025 ware jeweils déi 1. Lecture an déi 1. Prouf am Kader vum Concert 50 Joer Zolwer Jugendmusek. A gudder Ambiance a voller Nostalgie hunn eis méi oder manner jugendlech Musikant*innen hei eng éischt Kéier zesumme geprouft. Mir si gespaant op d'Resultat!
Wann dir och wëllt gesinn, wat si sou stiichten, da kommt bis laanscht op eise Concert!
Prouweplang
1. Lecture | Freides, 28. Mäerz 2025 | 18h15-19h30 |
1. Prouf | Freides, 25. Abrëll 2025 | 18h15-19h30 |
2. Prouf | Freides, 2. Mee 2025 | 18h15-20h00 |
3. Prouf | Freides, 16. Mee 2025 | 18h15-20h00 |
4. Prouf | Freides, 23. Mee 2025 | 18h15-20h00 |
5. Prouf | Freides, 6. Juni 2025 | 18h15-20h00 |
Generalprouf | Freides, 13. Juni 2025 |
18h30-21h |
Prouwen fannen all Kéiers am Museksall zu Zolwer statt (2, rue du Knapp L-4465 Zolwer).
Generalprouf ass am Artikuss (3, rue Jean Anen L-4413 Zolwer).
Organisatiounscomité
Präsident | Guy Theis |
Memberen |
Marcel Belche Isabelle Bruschi Laura Jungers Alain Kugener Tom Offermann Laurène Schuller Nora Turci Claudine Wanderscheid |