Am Vierdergrond
Mir soe jidderengem villmools Merci, deen eis dës Saison ënnerstëtzt huet: op eise Concerten, um Hämmelsmarsch oder um Zolwer Moart.
E rise Merci all deene Leit, déi déi ganz Saison eng Hand mat ugepak hunn an ouni déi et net géing lafen! Dir sidd mega!
Mir ginn eis da Rendez-vous am September, wou déi nei Saison ufänkt.
Dir sidd interesséiert, fir Member ze ginn? Da schreift eis eng Mail op [email protected].
Bis dohin: eng schéi Vakanz!
Wat steet deemnächst un?
LU: D’Zolwer Musek ass en Orchester fir Blosmusek aus Zolwer, enger Uertschaft am Südweste vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg, dee säit 1907 besteet.
De Veräin setzt sech zesummen aus der Harmonie, eiser “grousser Musek” mat ronn 50 aktive Museker a Musekerinnen, sou wéi eiser Jugendmusek, déi aus ronn 15 Jonke besteet. Fir besonnesch Occasiounen trëtt d’Zolwer Musek och a reduzéierter Form als Strëpp op.
Fir den 100-järegen Anniversaire vun der Musek gouf de bekannten, englesche Komponist Philip Sparke mat der Kompositioun vum Stéck “The Legend of Celobrium” beoptraagt. D’Wierk erzielt déi beweegte Geschicht vun der Buerg vum Zolwerknapp, vun der haut just nach e puer wéineg Iwwerreschter stinn.
DE: Die Zolwer Musek ist ein Orchester für Blasmusik aus Zolwer, einer Ortschaft im Südwesten des Großherzogtums Luxemburg, das seit 1907 besteht.
Der Verein setzt sich zusammen aus der Harmonie, des „großen Orchesters“ mit rund 50 aktiven Musiker und Musikerinnen, sowie unseres Jugendorchesters, das derzeit etwa 15 Jugendliche umfasst. Für besondere Anlässe tritt die Zolwer Musek auch in reduzierter Form als „Strëpp“ auf.
Anlässlich des 100-jährigen Bestehens des Vereins wurde der bekannte, englische Komponist Philip Sparke mit der Komposition des Musikstücks “The Legend of Celobrium” beauftragt. Das Werk erzählt die bewegende Geschichte der Burg auf dem Zolwerknapp, von der heute nur noch ein paar wenige Überreste stehen.
FR: L'Harmonie de Soleuvre est un orchestre de musique à vent de Soleuvre, une localité située au sud-ouest du Grand-Duché de Luxembourg, qui existe depuis 1907.
L'association se compose de l'Harmonie, le "grand orchestre" avec environ 50 musiciens et musiciennes actifs, ainsi que de notre orchestre de jeunes qui compte actuellement une quinzaine de jeunes. Pour des occasions particulières, l'Harmonie de Soleuvre se produit également sous une forme réduite en tant que "Strëpp".
A l'occasion du centenaire de l'Harmonie de Soleuvre, le célèbre compositeur anglais Philip Sparke a été chargé de composer la pièce musicale "The Legend of Celobrium". L'œuvre raconte l'histoire émouvante du château du Zolwerknapp, dont il ne reste aujourd'hui que quelques vestiges.
An der Aktualitéit
Zolwer Moart 2026
E grousse Merci u jiddereen, deen de waarmen Temperaturen vun dësem Joer getrotzt an zum dësjäregen Erfolleg vum Zolwer Moart bäigedroen huet: eisen Aussteller*innen, Musikant*innen, der Gemeng, all eise wäertvolle Benevollen an natierlech och de Visiteuren.
Super Fotoe vum Dag fannt dir hei. Merci Ant!
Mir freeën eis op déi nächsten Editioun!
Fréijoersconcert 2026
Sonndes, de 26. Abrëll 2026, huet eis Jugendmusek an d'Éilerenger Harmoniechen op hire Fréijoersconcert am Kulturschapp invitéiert.
An engem flotte Kader hu si gewisen, wat si schonn alles drop hunn. Merci, datt dir bis laanscht komm sidd!
Galaconcert 2026
Eisen dësjärege Galaconcert huet ënnert dem Titel Rule, Britannia! wéi gewinnt den 30. Abrëll 2026 um am Artikuss statt fonnt.
D'Fotoe vum Owend fannt dir hei.
Merci dem Claudio De Carolis!
Wanterconcert 2025
D'Zolwer Musek, d'Jugendmusek an d'Eilerenger Harmoniechen hu sonndes moies, de 14. Dezember 2025, op hire Wanterconcert an der Schoul 2000
invitéiert.
Mir soe jidderengem Merci, dee bis laanscht komm ass, a freeën eis schonn op déi nächst Occasioun!
De 24. November 2025 huet d'Gemeng Suessem am Artikuss de Prix du Bénévolat un engagéiert Veräinsläit verginn. Ënnert hinne waren de Jeannot Groben an den Daniel Tornambé, déi fir hire laangjäregen Asaz zu Gonschte vun der Zolwer Musek ausgezeechent goufen.
Merci iech zwee fir äert wäertvollt Engagement a Felicitatioun fir dës méi wéi verdéngten Auszeechnung!
Zolwer Moart 2025
E grousse Merci un all déi, déi rëm bei beschtem Wieder zum groussen Erfolleg vum dësjäregen Zolwer Moart bäigedroen hunn: ob eisen Aussteller*innen, Musikant*innen, der Gemeng, all eise wäertvolle Benevollen an natierlech och de Visiteuren.
Super Fotoe vum Dag fannt dir hei.
Merci Ant!
Mir freeën eis schonn op déi nächsten Editioun!
