FaarweConcert 2025

Brown Vibes

Freides, de 24. Oktober 2025 heesche mir vun der Zolwer Musek Iech um 20:00 Auer am Artikuss zu Zolwer wëllkomm, fir ee weidere Concert an eiser Faarwerei.

 

Ënnert dem Titel „Brown Vibes“, begréisse mir net just eis Kolleege vun der Hesper Musek op der Bün, fir een Deel ze spillen, mee wäerten och op Soliste mat deem passenden Numm aus eisen eegene Reien zeréckgräifen.

 

Freet Iech op ee lëschtegen an interessanten Owend, wou Dir gewuer gitt wat ons alles musikalesch zu der Faarf vun der Buedemstännegkeet an der Neutralitéit agefall ass.

 

Tickete ginn et, wéi gewinnt just an der Oweskees.


Freiden, 24. Oktober 2025

20:00

Artikuss, Zolwer

15€ / 8€ fir Schüler*innen a Student*innen 


Tickete just an der Oweskeess!



Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf die Cookie-Richtlinie (Funktionell), um den Cookie-Richtlinien von Google Maps zuzustimmen und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in der Google Maps Datenschutzerklärung.