D'Zolwer Musek on Tour zu Lyon an zu Chauffailles


Vum 11. bis de 14. Abrëll 2024 huet d'Zolwer Musek en Trip op Lyon an op Chauffailles, d'Partnerstad vun der Gemeng Suessem, ënnerholl.

 

Nieft den touristeschen a gastronomeschen Héichpunkten bei allerbeschtem Wieder an enger vun de gréisste Stied aus Frankräich, der hir Restaurantslandschaft ausserdeem vu kengem anere wéi dem Paul Bocuse gepräägt gouf, huet d'Zolwer Musek och 2 Concerte ginn. Samschdes, den 13. Abrëll huet eis Strëpp gemeinsam mat eise Frënn vu Marcel Frontale a vun Orkestar Gabriella den Toï Toï le Zinc wuertwiertlech zum Kache bruecht. Sonndes moies, de 14. Abrëll, hu mir eis immens gefreet de Leit zu Chauffailles eng kleng Sneak Preview op eise Galaconcert vun dësem Joer kënnen ze ginn. De Concert-apéritif stoung am besonnesche Kader vum Jumelage tëschent der Gemeng Suessem a Chauffailles.