Galaconcert 2024

... and all that Jazz !

Ënnert dësem Titel invitéiert Iech d’Zolwer Musek op hiren traditionelle Galaconcert Dënschdes, den 30. Abrëll 2024 zu Zolwer am Artikuss.
Wéi den Titel et errode léisst, kënnt Dir Iech op een Jazzy Programm, ënnert der Leedung vum Claude Origer freeën, deen eis op eng villsäiteg Manéier mat duerch d’20. Joerhonnert hëlt.

Als Solistin hu mir dofir um Piano d’Lynn Orazi, déi sécherlech och een George Gershwin mat hirem Kënnen iwwerzeegt hätt.
Freet Iech also op ee musikalesch usprochsvollen an ofwiesslungsräiche Programm an der agreabeler Gesellschaft vun den Zolwer Musikanten, mat deenen et sech, wéi gewinnt optimal an den 1. Mee erafeiere léisst !

Dënschden, 30. Abrëll 2024

20:00

Tickete just an der Oweskeess!

Artikuss, Zolwer

15€ / 8€ fir Schüler*innen a Student*innen




Inhalte von Google Maps werden aufgrund deiner aktuellen Cookie-Einstellungen nicht angezeigt. Klicke auf die Cookie-Richtlinie (Funktionell), um den Cookie-Richtlinien von Google Maps zuzustimmen und den Inhalt anzusehen. Mehr dazu erfährst du in der Google Maps Datenschutzerklärung.