D'Jugendmusek on Tour am Phantasialand
"Für dich noch immer Phantasi-a-land!"
Zum kréinenden Ofschloss vum 50. Anniversaire vun der Jugendmusek, huet den Organisationscomité alleguer déi bedeelegt Musikant*innen vum Jubiläumsconcert den 10. September 2025 op en Dag am Phantasialand agelueden.
Bei beschtem spéitsummerlechem Wieder a kuerze Waardeschlaangen ass jiddereen zu sengem komm: egal op FLY, Black Mamba, Waasserbunn, Karussel oder einfach eng Crepe
beim Schlenderen duerch de Park genéissen.
Zefridden no engem flotten Dag am Bus war sech jiddereen eenz: dat ass à refaire!