Prix du Bénévolat


De 24. November 2025 huet d'Gemeng Suessem am Artikuss de Prix du Bénévolat un engagéiert Veräinsläit verginn. Ënnert hinne waren de Jeannot Groben an den Daniel Tornambé, déi fir hire laangjäregen Asaz zu Gonschte vun der Zolwer Musek ausgezeechent goufen.

 

Iwwer Joren a Joerzéngten stiecht dir zwee elo scho Leif a Séil an eis Musek an hutt domat e kruziale Bäitrag fir eise Veräin an d'Veräinsliewe geleescht. Mir gratuléieren iech dofir häerzlechst fir dës méi wéi verdéngten Auszeechnung.

 

Merci fir Ären Asaz!

 

Merci och der Gemeng Suessem, datt si eis all dës Éierungen erméiglecht huet!