Sonndes, de 14. Juli 2019 huet d’Zolwer Musek déi grouss Éier, Iech op déi véiert Editioun vun den « Harmonympësche Spiller » bei der Schoul 2000 zu Zolwer ze invitéieren.
Heibäi handelt et sech ëm e besonneschen Dag, bei dem 4 Jugendmuseken, notamment d’Jugendmuseke vu Käerjeng, Escher Stadmusék, Kayl an Beetebuerger zesummen mat Hunchereng, bei spannende Spiller vun all Zort géinteneen untriede wäerten, mee dotëscht och nach Concert musse spillen.
Vun deene jonke Musikante gëtt net nëmme Kierperleches ofverlaangt, mee och den Denksport soll net ze kuerz kommen.
D’Jugendkommissioun vun der Zolwer Musek huet sech hei déi aussergewéinlechst Saachen afale gelooss, sou datt d’Publikum definitiv op seng Käschte wäert kommen.
Fir Iessen a Gedrénks ass och selbstverständlech beschtens gesuergt.
Kommt also laanscht de 14. Juli ab 11.00 Auer a verbréngt ee Mëtteg voller Spill, Spaass, Spannung a Musek, dee géint 18.00 Auer mat der Präisverdeelung ofschléisse wäert.
Ween dat alles verpasst, ass selwer Schold! :-)
Eis desjäreg Gladiatoren
Harmoniechen Beetebuerg an MiFA Bléiser Hunchereng
Harmonie Esch Jugendorchester
Käler Schülerband
Käerjenger Jonbléiser
Harmonympësch Spiller - zweet Ronn 2017