Historique


E kuerze Bléck zeréck an d'Geschicht vun der Zolwer Musek

1932 zu Uerwerkuer
1932 zu Uerwerkuer

1907: Gebuertsjoer vun der Fanfare de Soleuvre. 1. Präsident ass de M. Pierre Zahles. Réischt e puer Joer méi spéit gëtt aus der Zolwer Fanfare eng Harmonie.

1910: D'Musek plënnert an hiren éischten, selwer gebaute Musekssall um Fouss vum Zolwerknapp.

1938: D'Musek hëlt un hirem 1. UGDA-Concours deel a klasséiert sech an der 3. Divisioun B.

1940-4: Opgrond vun der däitscher Besatzung setzt de Veräin seng musikalesch Aktivitéiten aus. De M. François Schlesser gëtt fir déi Period vun de Besatzungshären als Präsident vun der Musek ofgesat.

1947: D'Musek mat ronn 50 aktive Musikant*innen steigt um UGDA-Concours zu Mamer an déi 2. Divisioun B op.

1955 beim Concours zu Miersch
1955 beim Concours zu Miersch

1953: Zum 50-järege Bestoe vum Zolwer Gesangveräin ënnerstëtzt d'Musek dëse bei sengen erfollegräiche Feierlechkeeten. Déi zwee Veräiner hu säit der Grënnung vun der Musek eng exzellent Relatioun.

1957: D'Musek feiert hire 50. Anniversaire.

1962: Déi 1. Oplag vum „Zolver Mârt“ fënnt mat Erfolleg den 9. August statt an ass säitdeem net méi aus dem Duerf ewechzedenken. Schonn 3 Joer virdru gouf e Summer- an Zeltfest organiséiert.

1967: D'Musek klasséiert sech beim UGDA-Concours eng 1. Kéier an der Division Supérieure.

1970D'Musek plënnert an hiren neie an haitege Musekssall.

1973: Den 1. "Concert de Gala" fënnt statt an ass säitdeem en alljärlechen Héichpunkt am Kalenner vun der Zolwer Musek.

1974: Grënnung vun der Jugendmusek ënnert dem Impuls vum deemolegen Dirigent Jean-Pierre Braun.

Receptioun zum 75. Anniversaire 1982
Receptioun zum 75. Anniversaire 1982

1975Mam Aloyse Lanners verscheet um 6. Juni dat leschte Grënnungsmember vun der Zolwer Musek.

1982: D'Musek feiert 75 Joer a mécht sech zu Ettelbréck um UGDA-Concours selwer e Kaddo mam Opstig an d'Division Excellence.

1987Déi 4 Museken aus der Gemeng spillen eng éischt Kéier zesummen e gemeinsame Concert.

1997: D'Musek klëmmt zu Ettelbréck um UGDA-Concours an d'Division Honneur.

1999: D'Musek erhält de Prix Union Grand-Duc Adolphe fir hire Projet "De Pittchen an de Wollef" zur Occasioun vum 25. Anniversaire vun der Jugendmusek.

2001: D'Musek steigt beim UGDA-Concours zu Mondorf an déi héchsten Divisioun, d'Division Nationale, op.

2002Concert mam brittesche Solist Steven Mead, dem „Euphoniumplayer of the Year” vun 1986 an 1993. D’Musek gëtt vun der Gemeng Suessem mam “Mérite Culturel” ausgezeechent.

2005Beim internationale Concours Flicorno d’Oro zu Riva del Garda (Italien) gëtt d’Musek an der Division Excellenza mam 2. Präis ausgezeechent.

2007: D’Zolwer Musek feiert hir 100 Joer mat engem gutt gefëllte Festivitéitsprogramm. Fir d’Occasioun komponéiert den englesche Komponist Philip Sparke d'Stéck “The Legend of Celobrium”.

2022: D’Musek organiséiert de Streetband Festival NoiZi am Kader vum Kulturjoer Esch2022.

Telethon 2005 am Stader Conservatoire
Telethon 2005 am Stader Conservatoire