50 Joer Zolwer Jugendmusek


Den 10. November 1974 ass d’Zolwer Jugendmusek vun e puer passionéierte Musikant*inne gegrënnt gi fir den Nowuess an der Musek ze fërderen an deene Jonke Freed un der Musek ze vermëttelen. En halleft Joerhonnert voller Musek, Gemeinschaft an onvergiessleche Momenter – dat hu mir de 15. Juni 2025 mat engem ganz spezielle Jubiläumsconcert am Artikuss zu Zolwer zesumme mat eise Frënn wéi och aktuellen a fréiere Musikant*inne gefeiert.

 

E Jugendorchester an enger Form wéi een e virdrun nach net gesinn huet, huet de Public mat op eng Rees an d'Vergaangenheet, geholl - mat der eng oder anerer Iwwerraschung a mat méi oder manner ale Gesiichter. Ënnerstëtzt gi si mir vun der Eilerenger Harmoniechen, den Zolwer Spatzen an de Schoulkanner aus der Schoul Scheierhaff.


Fotoe vum Jubiläumsconcert

Villmools Merci dem Ant fir seng genial Schnappschëss! Weider Fotoe fannt dir hei.


Fotoe vun de Prouwen

Den 28. März an de 25. Abrëll 2025 ware jeweils déi 1. Lecture an déi 1. Prouf am Kader vum Concert 50 Joer Zolwer Jugendmusek. A gudder Ambiance a voller Nostalgie hunn eis méi oder manner jugendlech Musikant*innen hei eng éischt Kéier zesumme geprouft.


Den Organisatiounscomité seet Merci!

Léif Frënn, léif Musekerinnen a Museker,

 

wat war dat e Sonnde fir en Nomëtte voller Emotiounen, Musek a schéine Momenter! Am Numm vum ganze Comité d’Organisation wëll ech iech vun Häerze Merci soen – net nëmme fir äre musikalesche Bäitrag, mee virun allem fir dat Gefill vu Gemeinschaft a Frëndschaft, dat dir matbruecht hutt.

Et war eng Éier, zesumme mat iech dëse 50. Gebuertsdag vun der Zolwer Jugendmusek ze feieren. Wann een an d’Gesichter gekuckt huet – vun deene ganz Jonke bis bei déi, déi viru Joerzéngten hei ugefaangen hunn – da war kloer: d’Zolwer Jugendmusek ass méi wéi just eng Musek.

Ech si nach ëmmer beandrockt vun der Energie, der Harmonie (a dat net just musikalesch) an der Freed, déi op der Bün ze spiere war. Et war net nëmmen e Concert – et war eng Rees duerch d’Zäit, mat villen Erënnerungen, déi nees erwächt goufen.

E ganz perséinleche Merci geet un:

  • all déi fréier Memberen, déi sech nees hu motivéiere gelooss fir matzemaachen,
  • déi aktuell Jonk, déi mat hirer Begeeschterung d’Zukunft vun der Musek verkierperen,
  • eis Frënn vun Éilereng, déi gewisen hunn, wat ee mat enger staarker Zesummenaarbecht erreeche kann,
  • an un all déi, déi hanner de Kulisse mat Häerzblutt geschafft hunn, fir dëse Projet méiglech ze maachen.

Wann een esou vill Engagement gesäit, da weess een: D’Zolwer Jugendmusek huet eng staark Vergaangenheet – ma awer och nach eng staark Zukunft virun sech.

Ech hoffen, dass dir dësen Dag genau sou genoss hutt wéi mir – a vläicht gesi mir eis jo scho bei enger nächster Geleeënheet erëm. Bis dohin: bleift wéi der sidd – musikalesch a mënschlech einfach wonnerbar.

Mat vill Dankbarkeet a musikalesche Gréiss,

Guy Theis

President vum Organisatiounscomité

50 Joer Zolwer Jugendmusek

1. Rei: Laurène Schuller, Laura Jungers, Nora Turci.

2. Rei: Marcel Belche, Isabelle Bruschi, Guy Theis, Tom Offermann, Alain Kugener, Claudine Wanderscheid (v.l.n.r.).