50 Joer Zolwer Jugendmusek
Den 28. März an de 25. Abrëll 2025 ware jeweils déi 1. Lecture an déi 1. Prouf am Kader vum Concert 50 Joer Jugendmusek. A gudder Ambiance a voller Nostalgie hunn eis méi oder manner jugendlech Musikant*innen hei eng éischt Kéier zesumme geprouft. Mir si gespaant op d'Resultat!
Wann dir et och sidd, da kommt gäre sonndes, de 15. Juni 2025, fir 16h an den Artikuss op Zolwer a feiert mat eis de ronne Gebuertsdag vun eisem Jugendensemble!